Aus bis ewell ongekläerter Ursaach sinn iwwer 20 Persounen an engem Lokal an der südafrikanescher Stad East London ëm d'Liewe komm.

De Virfall gouf e Sonndeg de Moie gemellt. Forensesch Untersuchunge goufen an d'Weeër geleet, fir erauszefannen, wat zum Doud vun de betraffene Persoune geféiert huet. Aenzeie gi vun enger méiglecher Vergëftung aus.

"22 Kierper goufen um Buedem fonnt. Keng oppe Wonnen, guer näischt. Mir wëssen net, ob si vergëft goufen oder ob eppes anescht geschitt ass", sou d'Porte-parole vum zoustännege Ministère Unathi Bingose.