Zu Istanbul goufen e Sonndeg e eng 200 Leit festgeholl, dorënner och Journalisten, well si bei der sougenannter Pride parade matgaange sinn.

D'Parad ass an éischter Linn dofir geduecht, fir d'Visibilitéit vu queere Mënschen an der Gesellschaft ze feieren. Déi tierkesch Autoritéiten haten déi Parad awer zanter 2014 ëmmer nees verbueden, offiziell aus Sécherheetsgrënn.

Schonn éier d'Parad iwwerhaapt ugefaangen huet, solle Poliziste einfach Leit, déi a Baren zu Cihangir souzen, verhaft hunn, ënnert hinnen do scho Journalisten. Aenzeie mellen dann och, datt Beamte probéiert hunn, d'Journalisten drun ze hënneren, dës Situatiounen ze filmen an ze dokumentéieren.

Reporter ouni Grenzen huet dann och schonn op d'Situatioun reagéiert, nodeems den AFP-Fotograf Bülent Kilic op en neits wärend der Ausübung vu senger Aarbecht vun der Police verhaft gouf. Déi tierkesch Autoritéiten hätte sech et zur Gewunnecht gemaach, en AFP-Fotojournalist Bülent Kilic ze verhaften, heescht et op Twitter vun Reporter ouni Grenzen. E Spriecher wërft den Autoritéiten da vir, datt si gewalttäteg géint Journaliste virginn an déi einfach esou verhaften.

Och Amnesty International huet reagéiert a gefuerdert, datt all déi Leit, déi op der Pride Parade verhaft goufen, direkt nees op fräie Fouss kommen.

Ausgangspunkt fir d'Reaktioun vun den Autoritéiten an der Tierkei war d'Pride Parade 2014, wou iwwer 100.000 Leit drun deelgeholl hunn. An de Joren dono gouf ëmmer nees verbueden an d'Autoritéite si streng géint Leit, déi de Verbuet ëmgaange sinn, virgaangen.

E Freideg hat d'Kommissärin vum Europarot fir Mënscherechter d'Tierkei opgefuerdert, fir d'Parad stattfannen ze loossen.  "D'Rechter vun den LGBTI-Persoune an der Tierkei musse wierksam geschützt ginn" esou d'Dunja Mijatovic.