A Kolumbien sinn op d'mannst 4 Mënschen ëmkomm an iwwer 300 goufe blesséiert, wéi d'Holztribün bei engem Stéierkampf deels an e Koup gefall ass.

Bei de confirméierten Doudesaffer handelt et sech ëm 2 Fraen, 1 Mann an e klengt Kand vu knapp 3 Joer. De Gouverneur Ricardo Orozco schwätzt iwwerdeems vun iwwer 30 schwéier Blesséierten. An de Spideeler wieren 322 Mënsche behandelt ginn, 4 Persoune wieren op der Intensivstatioun.

E geneeë Chiffer ze nennen, ass aktuell nach net méiglech.

Wisou d'Tribün an der Stad El Espinal, gutt 150 Kilometer südwestlech vun der Haaptstad Bogotá, wärend engem Stéierkampf futti gefuer ass, ass nach net gewosst. An der Arena "Gilberto Charry" war zu deem Moment eng sougenannten Corraleja am Kader vun de San-Pedro-Feierlechkeeten, engem vun de gréisste Fester an der Regioun. Honnerte Mënsche waren am Public.

Nach ass och net gewosst, ob ënnert de Debrisen nach Leit begruewe leien a wéi vill. Sämtlech Plaze ware besat, och do wou d'Tribün zesummegefall ass, sou eng Ausso vum Luis Fernando Vélez, Direkter vun der Protection civile vun Tolima.

De Gouverneur huet awer schonn annoncéiert géint des Aart vu Festivitéit virzegoen, hie wéilt dës Déierequälerei net méi ënnerstëtzen. en plus well den Dag virdrun e puer Leit duerch Stéieren, déi duerch d'Stroosse gelaf sinn, blesséiert goufen. Och den nei gewielte President Gustavo Petro huet dem Appell vum Gouverneur Ricardo Orozco zougestëmmt.