Am Mëttelpunkt Sommet-Marathon op héchstem politeschem Niveau steet de Krich an der Ukrain an d'Reaktioun vun der internationaler Gemeinschaft.

Awer och der Zukunfts-Strategie vun der Allianz. No der Europäescher Unioun Enn leschter Woch, dem G7 iwwer de Weekend, kommen elo en Dënschdeg den Owend déi 30 Staats- a Regierungscheffe vun der NATO zu Madrid zesummen.

3 Joer sinn et hier, do hat de franséische President Marcon mat senge Wieder: "d'NATO wier Gehierdoud" fir en Elektroschock gesuergt. D'Diskussioun iwwer d'Zukunft vun der Allianz war lancéiert. Op engem Ament, wou wärend der Ära Trump d'Transatlantesch Relatioune gebréckelt hunn. A wou du schonn e kale Wand vu Moskau eriwwer geblosen huet.

Déi lescht 4 Méint ass d'NATO zeréck an d'Liicht vun de Scheinwerfer geréckelt. Villäicht méi wéi jee.

Mam Krich op der Hausdier vun direkt enger hallwer Dose Memberstaaten. Eng russesch Invasioun an der Ukrain, déi geopolitesch Kaarten duerchenaner gerëselt huet. Sou wéi et zanter dem Zweete Weltkrich net méi de Fall war.

"Et ass schonn impressionant, wann ee gesäit, wat an de leschte Méint alles passéiert ass. Wat diskutéiert gëtt", sou d'Reaktioun vum Verdeedegungsminister François Bausch. "Zum Beispill dat neit strategescht Konzept vun der NATO. Ech si jo zanter e puer Joer derbäi. Wéi dat ugaangen ass. A wéi dat sech elo verännert huet. Eleng duerch dat, wat an de leschte Méint geschitt ass. Et ass schonn en historeschen Ament. En historesche Sommet, dee wäert en Zeeche setze fir eng nei NATO. Déi eng Wäertergemeinschaft zesumme bréngt. Déi och méi grouss gëtt. Mat Schweden a Finnland, ech hoffe gläich. Also dat ass schonn eng Zäsur, déi hei an der Geschicht vun der NATO passéiert."

Amerikanesch Panzer, déi 2013 aus Europa ofgezu goufen, sinn nees zeréck. Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet et ugekënnegt: dëst soll en ''transformative summit'' ginn. Wou ee sech den neien Erausfuerderungen upasst. Mat am Genéck der direkter russescher Menace laanscht d'NATO Ost-Flank vu Finnland bis erof a Rumänien.

Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg: "Mir wäerten en neit strategescht Konzept fir d'NATO hei zu Madrid unhuelen. Dat wäert der NATO hiert schwaarzt Buch ginn an enger méi geféierlecher a manner berechebarer Welt. Mir wäerten e Wiessel a Punkto Defense-Politik decidéieren. Mat méi 'séier-agräif' Truppen. Mat méi Material, wat strategesch positionéiert gëtt. Mir wäerten d'Ukrain weider ënnerstëtzen, datt si sech selwer verdeedege kënnen."

Truppen, dorënner och Lëtzebuerger Zaldoten, déi bannent 50, 30, jo souguer nëmmen 10 Deeg prett fir en Asaz musse sinn, solle vun elo 40.000 op iwwer 300.000 Fraen a Männer erop gesat ginn.

"Dat ass vun der Zuel hier ganz impressionant. Ma et ass noutwendeg. Mir hunn all gehofft, no 1989, wéi d'Mauer gefall ass, wéi d'Sowjetunioun zesumme gebrach ass, datt Russland sech géif an eng Richtung entwéckelen, datt mer dat alles net méi géife brauchen. Ma mir stelle fest, datt den aggressiven Ugrëff vu Russland, vun deem Regime op d'Ukrain, datt domat sech d'Sécherheetslag vun Europa dramatesch verschlechtert huet. Do musse mer einfach reagéieren", sou de François Bausch zu Madrid.

No eppes méi wéi 30 Joer, ass en zeréck, de kale Krich. D'NATO rëscht op. Dat kascht Geld. Den Ament respektéieren 9, vun den 30 Memberstaaten d'Engagement, d'2% vun hirem PIB fir d'Defense auszeginn. Lëtzebuerg läit hei mat um Wupp vum Peloton. Dat soll jo änneren: vu 573 Milliounen d'nächst Joer soll den Defense-Budget och bei eis wuessen: op eng Milliard Euro 2028. Dat wier da ronn 1 % vum PIB, deen de Verdeedegungsminister an de richtege Kontext setzt.

"Mir hunn e spezifesche Problem zu Lëtzebuerg. Mir hunn ee vill méi héije PIB wéi all déi aner Länner. Wa mir 1% ausginn, dann ass dat am Verhältnis bal sou vill, wéi wa Lettland, wat e Land ass, wat ee mat Lëtzebuerg vergläiche kann, 2% aus gëtt."

E Sommet a geopolitesch extrem ugespaanten Zäiten, wou ee Land awer och fir Klaatsch suergt. Beschäftege wäert wärend dësen 3 Deeg d'Positioun vun der Tierkei, déi e Bäitrëtt vu Finnland a virop Schweden weider blockéiert.

Hei wäert an de Kulisse vill diskutéiert ginn. Ënner anerem tëscht dem amerikanesche President Biden a sengem tierkeschen Homolog Erdogan. Eng éischt Geleeënheet bitt sech en Dënschdeg den Owend vun 20.30 Auer un, wann déi 30 Staats- a Regierungscheffen op Invitatioun vum spuenesche Kinnek zu Madrid fir e Gala-Dinner am Palais zesumme kommen.