Am Prozess géint de Mann, dee beschëllegt gouf als KZ-Gardien fir de Mord un Dausende Prisonéier mat verantwortlech ze sinn, ass en Urteel gefall.

Hie gouf zu 5 Joer Prisong verurteelt. Den Ugeklote bestreit awer weiderhin, am Konzentratiounslager zu Sachsenhausen geschafft ze hunn. Am Prozess goufen awer Dokumenter gewisen, wou säin Numm, Gebuertsdatum a weider privat Informatiounen dropstoungen. De Prozess hat de leschten Oktober ugefaangen, huet awer ëmmer nees missen ausgesat gi wéinst Erkrankunge vum Ugekloten.

De Mann ass elo wéinst Bäihëllef zum Mord verurteelt ginn. A sengem Schlusswuert sot den Ugekloten: "Ech weess iwwerhaapt net, wat ech gemaach soll hunn".