Déi schottesch Regierung wëll d'nächst Joer een zweeten Onofhängegkeets-Referendum ofhalen. Dat sot d'Regierungscheffin Nicola Sturgeon en Dënschdeg.

Doriwwer entscheeden, ob Schottland sech vum Recht vum Vereenegte Kinnekräich ofspalte soll, sollen d'Bierger den 19. Oktober 2023. "D'Zäit ass komm, fir Schottland op de richtege Wee ze bréngen. D'Zäit fir d'Onofhängegkeet ass komm", sot d'Politikerin.

Eigentlech dierf Schottland ouni d'Awëllegung vu London kee Referendum ofhalen. Aus England war awer schonn e puermol ze héieren, datt een esou een Accord net nach emol géif ginn. Elo wëll d'Nicola Sturgeon, et wéilt een de Referendum noutfalls esou gestalten, datt en och ouni Zoustëmmung an de gesetzleche Kader fale géif.

An engem éischte Referendum am Joer 2014 hat nach d'Majoritéit vun de Schotten, eng 55 Prozent, dofir gestëmmt, weider Deel vun der UK ze bleiwen. Dëst war allerdéngs zwee Joer virum Brexit-Referendum. 2016 wollten 62 Prozent vun de Schotten an der EU verbleiwen, mee well de Recht vum Vereenegte Kinnekräich knapps fir de Brexit gestëmmt hat, huet Schottland d'EU och misste verloossen. Elo hoffen d'Leit, déi sech fir d'Onofhängegkeet vu Schottland asetzen, datt sech Verhältnesser nom Brexit zu hirem Gonschte gewandelt kéinten hunn.