Um Dënschdeg huet de Betrib matgedeelt, datt déi Produiten nach net an de Verkaf komm waren.

E Méindeg goufe Bakterien am Wierk Wieze vum Schwäizer Schockela-Hiersteller Barry Callebaut entdeckt.

Aus Sécherheetsgrënn gouf d'Produktioun gestoppt. Grond fir d'Salmonelle wier den Experten no den Zousazstoff Lecithin. Dëse gëtt als Antioxidationsmëttel, Emulgator oder Stabilisator agesat.

Aus Sécherheetsgrënn gouf d'Aarbecht am belsche Wierk bis op Weideres gestoppt. D'Produktiounsplaz géing elo gebotzt an desinfizéiert ginn. D'Inspection alimentaire huet Ermëttlungen ageleet.

Virun e puer Wochen huet en anert Wierk an der Belsch misse seng Diere wéinst Salmonellegefor zoumaachen. Betraff war hei eng Fabrick vum italienesche Séissegkeetenhiersteller Ferrero. Wéinst Salmonelle-Verdacht huet Ferrero kuerz virun Ouschteren eng Abberzuel Kinder-Produite missen zeréckruffen, dorënner Iwwerraschungseeër, Schoko-Bons a Mini Eggs.