D'Zerstéierung vum Reebësch huet am éischten Hallefjoer Rekordwäerter erreecht. Ëmweltschützer maachen dem brasilianesche President schwéier Virwërf.

D'Amazonasgebitt a Brasilien war de leschte Mount mat de schlëmmste Juni-Bränn zanter 15 Joer konfrontéiert.

Den Nationalen Institut fir Weltraumfuerschung huet méi wéi 2.500 Bränn registréiert. Am Ganze wieren deemno am éischten Hallefjoer 3.750 Quadratkilometer Bësch zerstéiert ginn.

Ëmweltschützer reprochéieren dem Jair Bolsonaro, d'Bränn a Kaf ze huelen, fir nei Fläche fir d'Landwirtschaft an de Biergbau ze schafen. Zanter datt de Jair Bolsonaro 2019 President gouf, wier d'Zuel vu Feieren eropgaangen.