Déi zwou spuenesch Stied Melilla a Ceuta leien um afrikanesche Kontinent a sinn sou déi eenzeg Festlandgrenz tëscht der EU an Afrika.

Ëmmer erëm kënnt et hei zu Tensiounen an dramatesche Situatiounen.

Korrespondenz vum Jeff Cardarelli vu Barcelona

D'lescht Woch hunn eng 2.000 Leit probéiert, iwwert de Grenzdrot tëscht der spuenesch-marokkanescher Grenz zu Melilla ze klammen. Dobäi sinn offiziellen Zuelen no 23 Mënschen ëm d’Liewe komm. Aner Sourcë schwätzen awer vu bis zu 37 Doudesaffer.

Zwar sinn änlech Virfäll all puer Wochen an de spuenesche Noriichten, mee dës Kéier huet dat brutaalt Agräife vun der marokkanescher Police fir vill Opreegung gesuergt. Videoe mat deels ganz bluddegen Zeenen zirkuléieren online. Politesch brisant sinn dës Biller virun allem fir de spuenesche Premier Pedro Sánchez, grad well dëst brutaalt Virgoe vun de marokkanesche Autoritéiten elo e puer Woche geschitt, nodeems déi diplomatesch Relatiounen tëscht Marokko a Spuenien relancéiert goufen.

Méintelaang hat et virdrun tëscht den zwee Länner en diplomatesche Sträit ginn, wëll Spuenien d'lescht Joer e Leader aus der Westsahara bei sech opgeholl hat, fir e géint Covid-19 ze behandelen. Dëst war bei der marokkanescher Regierung net gutt ukomm. E Mount duerno haten eng 10.000 Leit d'Grenzen zu Melilla a Ceuta passéiert, ouni datt d'marokkanesch Police agegraff hat. De Message vu Rabat op Madrid war deemools kloer, an de Virfall d’lescht Woch gëtt esou dann och an engem politesche Kontext gelies.

Sou fuerderen elo ONGen, mee och dem Sánchez säi Koalitiounspartner, d’Lénkspartei Podemos, eng Kommissioun, fir dat, wat op der Grenz geschitt ass, opzeklären. De Pedro Sánchez huet bis elo all Kritik vu sech gewisen, a sougenannt Schleppermafirmae beschëllegt, Ustierm op d'Grenz ze organiséieren, ouni Récksiicht op Mënscheliewen.

Schonn zënter Jore kënnt et ëmmer erëm zu dramatesche Momenter op dëser Grenz. Ceuta a Melilla sinn awer net déi eenzeg Routen, déi d’Migrante wielen, fir op spuenesche Territoire ze kommen. D’Kanaresch Insele leie manner ewéi 100 Kilometer vun der marokkanescher Küst. Sou sinn d'lescht Joer eng 22.000 Leit mat Booter op de Kanaren ukomm, eng Zuel, déi dëst Joer awer zënter der Eenegung tëscht Marokko a Spuenien séier zréckgaangen ass. Och hei goufen et awer etlech Doudesaffer ze bekloen. D'lescht Joer solle sou bal 1.200 Mënschen am Mier virun de Kanaren erdronk sinn.