D'USA sollen d'Kugel elo inspizéieren an am Beschte klären, wéi eng Säit fir den Doud vun der Reporterin responsabel ass.

Nom Doud vun enger palestinensescher Journalistin duerch e Schosswiessel am Westjordanland, gouf d'Kugel déi d'Fra ëmbruecht huet, un Experten aus den USA iwwerginn. Enquêtë vun der palestinensescher Säit souwéi der UNO haten erginn, dass d'Journalistin vum israelesche Militär erschoss gouf.

Israel hat ugangs militant Palestinenser dofir beschëllegt, ass dunn awer zeréckgeruddert. Wou de Schoss hierkoum, kéint net mat Sécherheet bestëmmt ginn, huet et dunn geheescht. D'amerikanesch Experte sollen also elo d'Kugel ënnersichen, fir méi erauszefannen.