An den Dolomiten am Norde vun Italien hat sech e Sonndeg en enormt Stéck vun engem Gletscher geléist.

Een Dag nom Broch vum Gletscher an Norditalien ass d'Zuel vun den Doudegen op siwe geklommen. Wéi déi italienesch Autoritéiten e Méindeg matgedeelt hunn, géifen nach ëmmer 13 Leit vermësst ginn. Aacht Leit ware beim Ongléck an den Dolomiten e Sonndeg blesséiert ginn, dorënner e 67 Joer ale Mann an eng 58 Joer al Fra aus Däitschland.

No Rekordtemperaturen am Gebitt war e Sonndeg am Nomëtteg een Deel vum Marmolata-Gletscher ofgebrach, sou datt eng Lawin aus Schnéi, Äis a Gestengs néiergaange war. E Méindeg war nach ëmmer onkloer, wéi vill Leit insgesamt verschott goufen, dat huet d'Spriecherin vun der italienescher Biergrettung, Michela Canova, matgedeelt.

Dem Zivilschutz no stoungen um Parking um Bord vum Gletscher nach véier Autoen, déi bis ewell kenge Persounen zougeuerdent konnte ginn, dorënner een Auto aus Däitschland.

D'Rettungsekippen hunn eegenen Informatiounen no kaum nach Hoffnung, nach Iwwerliewender ënnert den Äis-, Schnéi- a Gestengsmassen ze fannen.

De Marmolata-Gletscher ass de gréisste Gletscher an den Dolomiten.