Vill Rumeure ginn et aktuell, datt de Poopst François geschwë wäert seng Chargen ofginn - ënnert anerem wéinst sengem fragille Gesondheetszoustand.

Dat huet de Chef vun der kathoulescher Kierch awer elo an engem Interview mat der Agence Reuters dementéiert. Wéi de Poopst sot, wier den Ament vun der Demissioun nach net komm. Och hätt hie wëlles, nach op Kiew a Moskau ze reesen. Domat wier de François deen éischte Poopst, dee Moskau besicht.

Déi lescht Wochen hu sech Rumeure geheeft, datt de Poopst wéinst akuter Péng um Knéi kéint zerécktrieden, genee wéi säi Virgänger Benoit. Och goung Rieds iwwert eng Kriibskrankheet - eppes wat de Poopst och dementéiert huet.

Fir Enn Juli huet de Poopst François eng Rees a Kanada geplangt, en anert Deplacement an de Kongo war iwwerdeem ofgesot ginn.