Zu Algier ass en Dënschdeg eng grouss Militärparad geplangt, iwweregens déi éischt am Land zanter 33 Joer.

Méi wéi 130 Joer laang war Algerien eng franséisch Kolonie, bis 1962 d'Verträg vun Evian ënnerschriwwe goufen, an dat nordafrikanescht Land offiziell nees onofhängeg gouf.

En offizielle Pardon vu Frankräich géintiwwer senger fréierer Kolonie gëtt et bis haut iwwregens net. De President Macron huet awer versprach, d’Relatioune mat méi symbolesche Gesten ze verbesseren.