An engem koordinéierten Europol-Asaz vum 15. bis 21. Juni goufen an 29 Länner 59 Leit wéinst Ausbeutung festgeholl. 514 Employeure stinn ënner Verdacht.

18.500 Beamte waren an insgesamt 29 Länner un der Aktioun bedeelegt, déi vun Holland ugefouert gouf. 10.467 ënnerschiddlech Plazen, 32.525 Gefierer a méi wéi 86.000 Persoune goufen heibäi ënnersicht.

Detektéiert gouf eng grouss Unzuel un Entreprisen, déi géint d'Aarbechtsgesetz verstouss hunn, wat bedeit, dass sech d'Employeure net ëm Kranken- a Sozialversécherunge fir hir Employéeë gekëmmert hunn. Betraffe Betriber waren notamment Botzfirmen, Fleeg- a Liwwerservicer, Neel-Salonen, Restauranten oder och Stollen.
Nieft 59 Verhaftungen a Verdachtsfäll géint 514 Employeuren, goufen duerch d'Operatioun och 487 potenziell Affer vun Ausbeutung identifizéiert, 34 gefälscht Dokumenter saiséiert a knapp 800 nei Investigatioune lancéiert.

Virun allem vietnamesesch Staatsbierger sollen immens vulnerabel fir Ausbeutung vun Aarbechtskraaft sinn, dëst notamment an Neel-Salonen. Mä och Persounen aus Ost-Europa gi virun allem als Haushaltshëllefen dacks exploitéiert. Esou Fäll goufe bei dëser Aktioun virun allem a Spuenien, Italien, Holland an dem Vereenegte Kinnekräich festgestallt.

Och Lëtzebuerg huet sech un der Aktioun bedeelegt.