Den deemools 17 Joer jonke Mann hat am Mäerz 2020 e mannerjäregt Meedche beim Willersinnweiher a Ludwigshafen vergewaltegt an uschléissend ëmbruecht.

Doriwwer eraus gouf hien an dräi Fäll wéinst sexuellem Mëssbrauch vu Kanner schëlleg geschwat. Esou soll hie mat zwee Meedercher, déi méi jonk wéi 14 Joer waren, Geschlechtsverkéier gehat hunn souwéi mat engem, wat 14 Joer hat. Dës Fäll kéinten allerdéngs net als Vergewaltegung gewäert ginn, well d'Meedercher dem Geschlechtsverkéier zougestëmmt haten.

De Parquet deelt mat, datt den Ugekloten nom Jugendstrofgesetz verurteelt ginn ass, an datt nom Ofsetze vun der Strof eng "Rétention de sûreté" ugefrot gouf. Dëser huet d'Geriicht allerdéngs net zougestëmmt, well beim Täter d'Gefor fir eng weider Vergewaltegung als geréng ageschat gouf.