Zu Gérardmer zum Beispill muss d’Gemeng Waasser aus dem Séi pompelen, fir datt d’Awunner Waasser hunn.

Dat huet awer keng Drénkwaasser-Qualitéit a muss deemno ofgekacht ginn. Dat gëllt elo mol vun dësem Mëttwoch un an op d’mannst fir zwee Deeg.

2003, 2015 an 2020 huet och schonn zu Gérardmer missen op d’Séi-Waasser zréck gegraff ginn.

Frankräich ass aktuell och nees vun enger neier Hëtztwell betraff. Bis zu 40 Grad si méiglech.

RTL