Den islännesche Wiederdéngscht IMO huet verlaude gelooss, datt de Vulkan Fagradalsfjall an de nächsten Deeg oder Wochen ausbrieche kéint.

Bis e Méindeg goufe méi wéi 10.000 seismesch Aktivitéiten an der Géigend vum Vulkan gemooss. Dorënner waren zwee Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 5,0 op der Richterskala. Satellittebiller weisen doriwwer eraus eng Deformatioun vun de Buedemschichte souwéi Magmaflëss.

Änlech Unzeechen hat de Vulkan Fagradalsfjallhraun vu sech ginn. Dëse war den 19. Mäerz 2021 ausgebrach a réischt den 18. September 2021 zum Stëllstand komm. Dëst war domadder de längste Vulkanausbroch zënter 50 Joer op der Insel.