Dëse Pak gëllt als eng vun de leschte Mesurë vum Premier Mario Draghi virun den Neiwalen am September.

Déi italienesch Regierung bréngt en Donneschdeg en Hëllefspak am Wäert vu ronn 14 Milliarden Euro op de Wee, fir d'Entreprisen an d'Famillje géint déi massiv Präisdeierecht ze schützen. Ënnert anerem sollen d'Rechnunge fir Stroum a Gas fir Famillje mat niddregem Akommes reduzéiert ginn.

Och d'Reduktioun vun der Bensinssteier soll bis Enn September verlängert ginn. Fir d'Kafkraaft vun den eelere Leit ze stäerken, soll iwwerdeems eng fir 2023 geplangten Hausse vun de Pensiounen op Enn 2022 no vir verluecht ginn.