Bei hirer Arees a Russland waren am Gepäck vun der Sportlerin Kartusche fir E-Zigarette mat Cannabisueleg fonnt ginn.

Déi amerikanesch Basketspillerin Brittney Griner ass en Donneschdeg de Mëtteg a Russland wéinst Drogeschmuggel zu 9 Joer Prisong an enger Geldstrof vun ëmgerechent ronn 16.000 Euro verurteelt ginn. D'Geriicht zu Moskau reprochéiert der Brittney Griner dës Substanz bewosst geschmuggelt ze hunn. D'Sportlerin hätt de Cannabisueleg vun hirem Dokter als Schmäerzmëttel verschriwwe kritt, heescht et vun hirem Affekot. Allerdéngs ass Cannabis a Russland och fir medezinesch Zwecker verbueden.

D'US-Regierung ass den Ament amgaange mat Russland ze negociéieren, fir d'Sportlerin fräi ze kréien. Eventuell andeems e Russ, deen an den USA am Prisong sëtzt u Russland ausgeliwwert gëtt.
Den US-President Joe Biden huet d’Urteel kritiséiert an als "inakzeptabel" bezeechent.

D’Brittney Griner huet zanter e puer Joer fir e russesche Veräin gespillt a gëllt als eng vun de beschten amerikanesche Basketspillerinnen.