Uerg Kritik un den ukraineschen Truppe kënnt aktuell vun Amnesty International.

D'Arméi géif sech deelweis a Schoulen a Spideeler verschanzen an esou d'Populatioun a Gefor bréngen. Dat wär e Verstouss géint humanitäert Recht. Déi ukrainesch Arméi géif sech reegelméisseg a Wunngéigende positionéieren an hätt op d’mannst op 19 Plazen Militärposten a Schoulen a Spideeler ageriicht gehat.

Och wann d'Land sech géint de russesche Ugrëffskrich géif verdeedegen, dierft et net d'Vëlkerrecht verletzen.

Kritik gëtt et awer och u Russland, well hir Arméi hätt kee Recht, eng Klinik bombardéieren, och wa sech déi ukrainesch Kämpfer doranner verschanzen.

Schonn Ugangs Juli gouf et och Kritik an deem Sënn vun der UNO.

D'Ukrain an ënnert anerem de President Selenskyi reagéieren op d'Reprochen "schockéiert". D'Responsabilitéit dem Affer ze ginn amplaz dem Aggresseur wär net an der Rei. Wee sou géif argumentéieren, géif den Terroristen hëllefen. Déi russesch Arméi géif d'Populatioun menacéieren a sécher net déi ukrainesch, hu sech ukrainesch Spëtzepolitiker verdeedegt. Déi ukrainesch Sektioun vun Amnesty gouf wéinst dem publizéiere vum Bericht esouguer an de soziale Medien ugegraff.

Amnesty reagéiert och op d'Kritik un hirem Bericht, dee souwuel vu russescher wéi och ukrainescher Säit kënnt. "Ukrainesch a russesch Social-Media-Mobs an Trollen: Si sinn all dobäi, de Bericht vun Amnesty unzegräifen. Dat nennt ee Krichspropaganda, Desinformatioun, Feelinformatioun", heescht et op Twitter.

Déi ukrainesch Säit hätt esouguer villes probéiert, fir d'Publizéiere vum Bericht ze verhënneren.