Si géifen d'Urteel vum russesche Geriicht verurteelen a bedaueren, heescht et aus engem Schreiwes vun de béiden US-amerikanesche Basketball-Profiligaen.

Deemno géife sech béid Ligaen dofir asetzen, datt d'Griner esou séier wéi nëmme méiglech op fräie Fouss kënnt. Weider heescht et, datt si d'Hoffnung nach net verluer hätten, datt dësen Albdram nach zu engem gudden Enn komme kéint.

Russland huet verlaude gelooss, datt ee bereet wier, iwwert en Austausch vun der Basketball-Spillerin Griner ze negociéieren. Dem russeschen Ausseminister Sergej Lwarow no géife sech den amerikanesche President Biden an de russesche President deemnächst eng Kéier treffen, fir iwwert den Austausch ze schwätzen.