An enger Disco am thailännesche Bezierk Sattahip sinn an der Nuecht op e Freideg op d'mannst 13 Mënschen ëm d'Liewe komm. 40 weiderer goufe verwonnt.

D'Feier war géint 1 Auer ausgebrach. De Bezierk Sattahip läit ronn 150 Kilometer südlech vun der Haaptstad Bankok ewech.

Bei den Doudesaffer - 4 Fraen an 9 Männer - handelt et sech wuel ëm Thailänner. Et géif keen Doudegen a Verbindung mat Auslänner ginn, sou de Policevertrieder Boonsong Yingyong géintiwwer der Noriichtenagence AFP. Déi meescht Affer wieren an der Géigend vun der Entrée oder an den Toilettë fonnt ginn. D'Läiche ware "staark verkuelt".

Vun de Rettungsdéngschter gewise Videoopnamen hu Mënsche gewisen, déi mat brennendem Gezei aus der Disco lafen a jäizen. D'Pompjeeën hunn iwwer 3 Stonne gebraucht, fir d'Flamen ënner Kontroll ze kréien. D'Feier hätt sech duerch brennbar Isolatioun immens séier ausgebreet.

Am bei Touriste beléiften Thailand kënnt et ëmmer nees zu esou Virfäll an et gëtt vill Kritik un den ze noléissege Sécherheetsbestëmmungen a Baren an Discoen. An der Silvesternuecht 208/09 si bei engem Feier am Santika-Club zu Bankok 67 Mënsche gestuerwen. D'Feier war wéinst Pyrotechnik wärend engem Concert ausgebrach.

Opgepasst, dëse Video enthält verstéierend Zeenen. Leit mat schwaachen Nerve sollte sech déi gewise Biller net ukucken!