Nach ass keng Eenegung iwwert d'Reglementatioun vun de Stéckstoffemissiounen an Aussicht. Enn August soll nees iwwert de Sujet debattéiert ginn.

Nodeems e Freideg an Holland d'Vertrieder aus der Landwirtschaft mat der Regierung fir Gespréicher zesummekomm sinn, weise sech d'Baueren enttäuscht. D'Regierung wier hinnen nach net genuch entgéintkomm.

D'Baueren hate wochelaang géint d'Pläng vun der Regierung protestéiert, fir d'Stéckstoffemissioune bis 2030 ëm d'Hallschent ze reduzéieren. Dat géif virop d'Landwirtschaft treffen, well dës dee gréissten Deel vun den Emissioune produzéiere géif. Virun allem d'Véibetriber wieren dovunner staark betraff. Déi geplangte Mesuren kéinten dozou féieren, dass ronn 30 Prozent vun de landwirtschaftleche Betriber missten hir Dieren zoumaachen, well d'Pläng finanziell gesinn nëmme schwéier ëmzesetze wieren.