Am japaneschen Hiroshima gouf un de Lancement vun der Atombomm am Joer 1945 geduecht.

Den UNO-Generalsekretär vun der UNO António Guterres huet bei der Zeremonie fir de 77. Joresdag vun Hiroshima betount, d'Gefor duerch Atomwaffen géif weider bestoen. D'Mënschheet géif mat enger "geluedener Waff spillen", esou de Guterres a Japan. Krise mat schwéieren nuklearen Ënnertéin géife sech séier ausbreeden - den Noen Osten, d'koreanesch Hallefinsel, déi russesch Invasioun an der Ukrain. De 6. August 1945 haten d'USA eng Atombomm op Hiroshima geheit. Zéngdausende Persounen an der Stad ware bannent engem Brochdeel vun enger Sekonn dout gemaach ginn, esou den UNO-Generalsekretär. Doraus hätt ee senger Meenung no u sech misste léieren.

Zu Hiroshima gouf et ronn 140.000 Doudesaffer. Doran agerechent sinn d'Mënschen, déi un de spéide Suitten vun der radioaktiver Stralung gestuerwe sinn.

Dräi Deeg no Hiroshima war eng zweet Atombomm zu Nagasaki ageschloen. Hei waren 74.000 Persoune gestuerwen.

Et war déi éischten a bis ewell eenzege Kéier, dass an engem Krich Atomwaffen agesat goufen.

Atomwaffen an der Aktualitéit

Hiroshima Gedenkdag
Am japaneschen Hiroshima gouf un de Lancement vun der Atombomm am Joer 1945 geduecht.

No der Attack vum Site vum Atomkraaftwierk Saporischschja schloen d‘Wëllen héich. No de Schëss op d‘Atomkraaftwierk Saporischschja huet den ukrainesche President Selenskyj an enger Video-Usproch Sanktiounen géint déi russesch Nuklearindustrie gefuerdert.

Et ass dat gréissten Atomkraaftwierk op eisem Kontinent. All Attack ass en oppent Verbriechen – en terroristeschen Akt. Russland muss dofir responsabel gehale ginn.“

De russesche Verdeedegungsministère beschëllegt ukrainesch Zaldoten fir d‘Schëss um Site an deelt mat, datt ee Reakter huet deelweis missen ausgeschalt ginn, deels wier och d‘Stroum- a Waasserversuergung ausgefall.

Par Rapport zu de weltwäite Suergen, Russland kéint bei senger Attack an der Ukrain méiglecherweis Atomwaffe asetzen, huet de japaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg Jiro Okuyama um 77 Joresdag vun der US-Atombomm op déi japanesch Stad Hiroshima den Asaz vun dëser Zort Waffe condamnéiert.

D‘Notze vun Atomwaffen ass haut esou einfach ewéi a prezis ewéi nach ni. Dat heescht awer net, datt dës solle benotzt ginn. Mir si komplett dogéint. Ongeféier 500.000 Leit sinn zu Hiroshima ëm d‘Liewe komm. Verzeit mer den drastesche Verglach – mee dat sinn 80 Prozent vun der Lëtzebuerger Populatioun.“

D‘Erënneren un dat, wat zu Hiroshima an Nagasaki – den 6. an 9. August 1945 geschitt ass – ass esou aktuell ewéi scho laang net méi. Biller, déi och haut nach ëmmer ënnert d‘Haut ginn.

De Raymond Becker vun der Friddensplattform:

Ouni Zweiwel si mer haut an enger Situatioun dran déi extrem geféierlech ass. Den UN-Generalsekretär António Guterres huet virun e puer Stonnen nach gewarnt, datt mer esou no un enger nuklearer Katastroph, engem Atomkrich sinn, ewéi an der Cuba-Kris an den Ufank ´60er net méi. Mir sollten eis däers bewosst ginn. An engem Nuklear-Krich geet et ëm d‘Zerstéierung vun der Mënschheet. Déi Waffe sinn extreem geféierlech a gehéieren ofgeschaaft.“

D‘nächst Joer gëtt de G7-Sommet zu Hiroshima organiséiert.