
© AFP
D'Militär vun Taiwan geet dovun aus, dass China eng Attack op d'Insel, déi onofhängeg demokratesch geréiert gëtt, simuléiert.
Et wiere méi chineesesch Fligeren a Schëffer observéiert ginn, déi an den taiwanesche Gewässer geprouft hätten. Dat mellt de Verdeedegungsministère vun Taiwan. Nordkorea verurteelt iwwerdeems d'Visitt vun der Presidentin vum US-amerikanesche Representantenhaus Nancy Pelosi an der entmilitariséierter Zon tëscht den zwee Koreaen.
Fir Nordkorea zerstéiert d'Chamberpresidentin de Fridden an déi international Stabilitéit.
D'Nancy Pelosi hat bei hirer Asien-Rees och Stopp a Südkorea gemaach a si war d'Sécherheetszon tëscht Nord- a Südkorea kucken: déi eenzeg Plaz laanscht déi 250 Kilometer laang Demarkatiounslinn, op där nordkoreanesch Zaldoten an Truppen vun de Vereenten Natioune sech op e puer Meter géintiwwer stinn.