Als éischt soll de Mann d'Beamte beleidegt hunn, du wier e mat engem Messer op d'Polizisten duergelaf.

Um Paräisser Fluchhafe Roissy-Charles-de-Gaulle huet ee Polizist e Mëttwoch de Moien en arméierte Mann erschoss. Wéi et vun der Police heescht, hätt hien d'Beamte mat engem Messer menacéiert. Am Virfeld hat Sécherheetspersonal vum Fluchhafen d'Grenzpolice geruff, fir e Sans-abri aus dem Terminal 2F erauszegeheien.

De Mann hätt d'Poliziste beleidegt, wier awer fortgaangen. Dunn hätt hie sech ëmgedréit an e Messer erausgeholl. Ee Fotograf vun der Noriichtenagence AFP soll d'Zeen beobacht hunn an erkläert, de Mann wier trotz Warnung op d'Beamten duergelaf. Doropshin hätt e Polizist ee Mol op hie geschoss. De Mann ass u senge Blessure gestuerwen.