D‘Perquisitiounen am privaten Haus vum Donald Trump zu Mar-a-Lago a Florida schloen ëmmer méi héich Welle bei de Republikaner.

Een Dag, nodeems dem Donald Trump seng Residenz vun FBI-Beamten ënnersicht ginn ass, ginn et e Mëttwoch de Moien nach keng weider Informatioune vum FBI, firwat dëst gemaach gouf. Och den amerikanesche Justizministère huet bis ewell keng weider Detailer verëffentlecht.

US-Medie schwätzen awer unanime dovun, dass et ëm geheim Dokumenter geet, déi de fréiere President no senger Amtszäit soll matgeholl hunn. Den Donald Trump a seng republikanesch Parteikolleege schwätze jo vun enger politescher Poursuite a verlaangen Detailer vun den Autoritéiten.

Iwwerdeems gouf dem republikaneschen Deputéierte Scott Perry säin Handy vun dräi FBI-Beamte saiséiert. Dëst, esou de Republikaner, well hien eng wichteg Roll am Trump senger Ekipp spille géif.

D'Republikaner weise sech geschockt a schwätze vu politesche Manöveren, déi soss just a "Banannerepublicken" Usus wieren.