Enger neier Etüd no ass eist Reewaasser esou staark mat Chemikalie belaascht, dass een et néirens op der Welt drénke kann.

Souguer an der Antarktis oder am Héichland vum Tibet läit den Undeel vu besonnesch laangliewege per- oder polyfluoréierte Chemikalien (PFAS) "ëm dat 14-facht méi héich" wéi déi vun der US-Ëmweltagence Epa recommandéiert Wäerter fir Drénkwaasser. Dat sot den Haaptauteur vun der Etüd Ian Cousins géintiwwer der Noriichtenagence AFP.

PFAS kënnt a ville Produite wéi Shampoing oder Make-up souwéi Verpackunge vir an zerfalen nëmme ganz lues. Si ginn dofir och "éiweg Chemikalien" genannt. PFAS verbreet sech zanter Joren och an der Ëmwelt a gëtt bei Miessungen am Waasser souwéi an der Loft nogewisen.

Dem Cousins no si PFAS antëscht "esou haartnäckeg" an allgéigewäerteg, dass si net méi vun der Äerd verschwannen. "Mir hunn de Planéit endgülteg verseucht", sou de Fuerscher, deen als Professer op der Universitéit Stockholm schafft. Fir d'Etüd huet säin Team zanter 2010 Date gesammelt an ënnersicht.

PFAS fënnt een och am mënschleche Kierper erëm. E puer Etüde kommen dobäi zur Erkenntnis, dass d'Chemikalien Auswierkungen op d'Fruchtbarkeet bei der Fra huet oder zu Entwécklungsstéierunge bei Kanner féiere kann. Et besteet och en erhéichte Risk fir Obesitéit, erhéichte Cholesterinwäerter, souwéi bestëmmte Kriibszorten wéi Prostata-, Nieren-, oder Hodekriibs.

Den Ian Cousins huet weider erkläert, dass d'PFAS-Wäerter am mënschleche Kierper an de leschten 20 Joer däitlech zeréckgaange sinn. D'Wäerter an der Ëmwelt sinn dogéint gläich bliwwen.

D'Mënschheet muss léieren, mat der Verschmotzung duerch PFAS ze liewqen, sou nach de Cousins am Hibléck op d'Studieresultater. Hie mécht sech awer "keng riseg Suergen" iwwert d'Auswierkungen op d'Suitte vun der Kontaminatioun vu Quellwaasser oder Liewensmëttel. Awer de Mënsch huet d'Ëmwelt därmoosse verknascht, dass den alldeegleche Kontakt mat hir "net wierklech sécher" wier.