Bei der arabesch-afrikanescher Konferenz an Ägypten sollt eigentlech op déi erfollegräich Zesummenaarbecht vun de verschiddene Länner ugestouss ginn.

Mä et koum anescht, wéi geplangt. De saudesche Geschäftsmann Muhammad al-Qahtani, deen eigentlech eng Ried fir den ägyptesche President Abdel Fattah Al-Sisi hale sollt, ass op ee Mol wärend senger Ried an d'Gette gaangen. Kuerz nodeems hien den ägyptesche President, deen als Autokrat gëllt, als Mann bezeechent huet, dee fir de Fridden a fir d'Mënschlechkeet géif stoen, ass hien zesummegebrach.

Ägypteschen Autoritéiten no konnt dem Geschäftsmann net méi gehollef ginn. Hien ass nach op der Plaz beim Riednerpult gestuerwen. Déi genee Doudesursaach ass allerdéngs nach net bekannt.