Bei der Razzia am Haus Mar-A-Lago vum Donald Trump goufe geheim Dokumenter fonnt. Dat riskéiert juristesch Konsequenze fir de fréiere President ze hunn.

"Et ass eng eenzeg Hexejuegd op mech, a meng Pläng fir nees US-President ze ginn…" Sou hat den Donald Trump, d’Razzia vum FBI an engem vu sengen Haiser a Florida jo bezeechent.

Abee, bei där Hexejuegd huet d’Police op alle Fall awer Saachen kënne sécherstellen, déi den Trump elo an Erklärungsnout bréngen.

Bei der FBI-Razzia am Haus vum fréieren US-President Donald Trump sinn nämlech eelef klassifizéiert Dokumenter séchergestallt ginn, dorënner och der op d'mannst 4, déi als "Top Secret" agestuuft sinn. D'Lëscht vun de beschlagnaamten Dokumenter, déi e Freideg vun engem Bundesriiiichter verëffentlecht gi war, enthält allerdéngs keng Eenzelheeten zu den Inhalter.

D'Razzia beim Trump ass duerchgefouert ginn, well de Verdacht besteet, dass hie géint d'Spionagegesetz verstouss huet.

Aus de verëffentlechten Ënnerlage geet ervir, datt een a verschidden Dokumenter, déi fonnt goufen, nëmmen a bestëmmte Regierungsgebaier een Abléck dierf kréien. D'Beamte vum Federal Bureau of Investigation (FBI) hate bei hirer Razzia 20 Këschte mat Géigestänn, Classeure mat Fotoen an handgeschriwwenen Notizze matgeholl. Dem Gesetz no hätt den Trump alleguer d'Dokumenter dem Nationalarchiv misse ginn.

Dem Trump seng Affekoten argumentéieren, datt de fréiere President vu sengem Pouvoir Gebrauch gemaach hätt, d'Material virum Enn vu senger Zäit als President fräizeginn. E President huet wuel de Pouvoir, fir Dokumenter fräizeginn, mä et gi Virschrëften, déi d'Prozedur dofir festleeën.

Nationalarchiv widdersprécht dem Trump

Den Donald Trump huet um Freideg op dem sozialen Netzwierk Truth Social geschriwwen, dass hien all d'Dokumenter zeréck ginn hätt, wann d'Autoritéiten hien dono gefrot hätten. "De méi grousse Problem wieren déi 33 Millioune Säiten un Dokumenter, vun deenen der och vill als geheim agestuuft wieren, déi de President Obama mat op Chicago geholl huet", esou den Trump weider. Den Trump hat dat och scho virdru behaapt, ouni awer Beweiser dofir ze hunn. D'Nationalarchiv huet doropshin dem Trump widdersprach an erkläert, säi Virgänger Barack Obama hätt no senger Zäit als President keng Geheimdokumenter gehalen.