Videoe weisen, wéi d'Spectateure vum Festival um Strand vu Cullera bei Valencia versicht hunn, fir sech a Sécherheet ze bréngen.

Beim Elektromusek-Festival Medusa no bei Valencia a Spuenien ass e Mann vun 22 Joer ëm d’Liewe komm an op d'mannst 40 Persoune goufe blesséiert, eng ganz Partie dovu ganz schro. Dat hunn déi spuenesch Rettungsekippe matgedeelt.

E Stuerm hat ënnert anerem Deeler vun enger Bün lassgerappt. Zum Ongléck koum et e Samschdeg an de fréie Moiesstonnen.

Op Biller am Internet ass ze gesinn, wéi riseg Stécker duerch d’Loft fléien an op d'Spectateure falen.

Well de Wand och vill Sand opgewierbelt huet, war d’Siicht deen Ament immens schlecht.

De Festival gouf wéinst dem schlechte Wieder ënnerbrach, dat haten d'Organisateuren iwwer Facebook matgedeelt. E Samschdeg de Moien hu si de betraffene Persounen hiert Bäileed ausgedréckt.

De Medusa-Festival an der Stad Cullera dauert sechs Deeg a soll nach bis de 15. August goen.