E Sonndeg um 4 Auer Lokalzäit ass e Mann mat sengem Auto duerch d'Ofspärung virum Kapitol gerannt, huet an d'Loft geschoss, an duerno Selbstmord begaangen.

Dat huet d'Police vum Kapitol matgedeelt, ouni awer Informatiounen iwwert d'Identitéit oder d'Motiver vum Mann matzedeelen.

Wéi d'Police seet, wier de Mann mam Auto duerch d'Barrikade gerannt, wouropshin deen a Flamen opgaange wier. De Mann wier erausgeklommen an hätt dunn e puer mol an d'Luucht geschoss. Wéi dunn d'Polizisten op hien duergaange wieren, hätt hie sech selwer erschoss. Soss wier keen anere blesséiert ginn.

D'Membere vum Kongress sinn aktuell an der Summerpaus. D'Attack hätt deemno wuel net den Deputéierten oder Senateure gegollt, huet d'Police erkläert.

Net wäit ewech vun de Barrikaden ass iwwerdeems och de Siège vum Ieweschte Geriichtshaff vun den USA.