Um Dënschdeg am fréien Nomëtteg ass virum Geriicht zu Tréier d'Urteel iwwert déi déidlech Amokfaart vun Dezember 2020 gefall.

No 40 Verhandlungsdeeg steet en Dënschdeg d'Urteel am Prozess ronderëm d'Amokfaart zu Tréier fest. Den Täter war den 1. Dezember 2020 mat sengem Jeep duerch Foussgängerzon zu Tréier gefuer. En Dënschdeg gouf de Beschëllegte wéinst Mord verurteelt, dobäi gouf déi besonnesch schwéier Schold festgestallt.

Et waren e puer Minutten, déi d'Stad Tréier viru bal zwee Joer fir ëmmer changéiert hunn. En 52 Joer ale Chauffer rennt uganks Dezember 2020 ëm kuerz virun 2 Auer duerch d'Tréierer Foussgängerzon. Fënnef Leit stierwe bei der Attack, dorënner ee just néng Wochen ale Puppelchen, 18 Leit goufe blesséiert.

No bal engem Joer Prozess steet elo fest: De Mann ass schëlleg an deelweis zourechnungsfäeg. Fir de Verdikt um Tréierer Geriicht war den Undrang net immens grouss. Opreegung gouf et awer, well verschidden akkreditéiert Journalisten net méi an de Sall gelooss goufen.

Firwat de Mann genee deemools an d'Leit gerannt war, bleift onkloer, well hien och um leschten Dag näischt ausgesot huet. Als méiglecht Motiv gouf ëmmer nees e generellen Haass op d'Gesellschaft diskutéiert. De Beschëllegte gouf wéinst Mord zu enger liewenslaanger Fräiheetsstrof verurteelt. Well hie psychesch krank ass, kënnt hie fir d'éischt an eng Psychiatrie.

Wann hien dann als geheelt géif gëllen, misst hien duerno nawell seng Strof an engem normale Prisong ofsëtzen, erkläert de Procureur Eric Samel. Dobäi gouf déi besonnesch schwéier Schold festgehalen, soudass de Verurteelten net no 15 Joer Sursis ufroe kann.

D'Defense wëll d'Urteel préiwen. Zwar hat een och d'Ënnerbréngung vum Mann an der Psychiatrie gefuerdert, allerdéngs ouni déi besonnesch schwéier Schold. Den Ugeklote gouf doriwwer eraus trotz senger psychescher Krankheet als deelweis zourechnungsfäeg deklaréiert. Och dat wëll d'Defense préiwen, esou de Frank Peter, Affekot vum Beschëllegten.

Fir d'Famillje vun den Affer war d'Urteel eng Erliichterung, och wa si keng Äntwerten op hir Froe kruten. De Wolfgang Hilsemer huet seng Schwëster bei der Attack verluer. "Der spricht ja nicht, aber das ist mir mittlerweile egal. Mir geht es darum, dass der nie wieder rauskommt, egal ob er jetzt in der Psychiatrie oder im Gefängnis sitzt."

Och déi aner Parties civiles weise sech mam Urteel zefridden.

Zu Treier soll deemnächst eng Gedenkplaz fir d'Affer entstoen. Wou, steet awer nach net fest.