12 Méint, nodeems d‘Taliban d‘Muecht iwwerholl hunn, gehéiere Wirtschaftskris, Dréchent a Verstéiss géint d‘Mënscherechter zur Dagesuerdnung.

Par Rapport zum Féierungsstil vun den Taliban vun 1996 bis 2001, gesäit ee méi Parallellen a Kontinuitéit ewéi Ënnerscheeder, esou d'Roxanna Shapour vum Afghanistan Analysts Network, enger onofhängeger Recherche-Organisatioun.

An engem Interview mam Tim Morizet erkläert d‘Roxanna Shapour, firwat d‘Taliban dës Kris net an de Grëff kréien.

Den Interview mam Roxanna Shapour / Tim Morizet

TM: Wéi d’Taliban virun engem Joer un d’Muecht komm sinn, huet sech séier gewisen, datt si zwar op d’Kämpfen agestallt waren, ma net op d’Regéieren. Huet sech dat mëttlerweil geännert?

RS:D‘Taliban ware relativ gutt organiséiert beim Iwwerhuele vum Afghanistan. Mee e ganz Land ze féieren an eng Rei Servicer der Populatioun ze garantéieren, ass eng Aufgab vun engem ganz anere Kaliber. Dat fuerdert vill Erfarung an och dat néidegt Personal un Technokraten an den eegene Reien. Dat war eng vun de grousse Froen, wéi d‘Taliban deemools Kabul iwwerholl hunn.

Se hu verschidde Saache guer net esou schlecht gemaach. Zemools d‘Asammele vu Revenuen. Ënnert der Taliban-Regierung ginn d‘Steieren an Douane-Taxe vill méi konsequent agezunn. Déi lokal Revenue sinn impressionant, wann een dat an den aktuelle Kontext setzt a weess, duerch wat d‘Land gaangen ass. De Gesondheetssystem, den Educatiounssystem an aner basic Systemer, par contre fonctionéiere ganz schlecht. Hei feelt et un Erfarung an den néidege Finanzen.

D‘Taliban-Regierung seet och, se géife sech den Ament drop fokusséieren, hir "eege Visioun" vum Land an der Strategie, wéi d‘Land soll gefouert ginn, ze verbreeden. Aktuell geet et nach ëmmer vill drëms, sech eens ze ginn, wéi den “neien“ Afghanistan“ soll ausgesinn. Hei ginn et weider vill Oneenegkeeten an hire Räng. Bis ewell konnten d‘Taliban net zesumme kommen, fir mat enger Stëmm ze schwätzen.

TM: Déi eegen Initiativ vu lokalen Taliban-Vertrieder gouf an de leschte Méint dacks dokumentéiert. Wéi ass d’Politik vu Kabul? Kritt d’Regierung an der Haaptstad sech an de Provënzen duerchgesat?

RS: Vill Leit schwätze vun den zwee verschiddenen Taliban-Regimmer, déi existéieren. Et huet een d‘Technokraten, d‘Persounen, déi politesch Ämter hunn, respektiv a Ministère schaffen - mat deene schwätzen d‘Auslänner. Mee dann huet een e Féierungs-Rot, dee vill méi konservativ ass an och vill méi Muecht huet. Déi zwou Instanzen si sech effektiv rar eens. E Beispill ass d‘Educatioun vu Meedercher. Iwwer Méint gouf versprach, datt d‘Lycéeë fir d‘Meedercher nees géifen den 23. Mäerz opmaachen. All d'Luuchte waren op gréng. Verschidde Meedercher sinn deen Dag an d‘Schoul gaangen a koumen nees heem, well de Féierungsrot a leschter Minutt Decisioun zeréckgezunn huet.

Et gesäit een och ëfters Membere vum Taliban an do sinn och Senior-Memberen dobäi, déi sech op de soziale Medien unenee geroden wéinst verschiddene politeschen Themen.

TM: E Verspriechen, dat Taliban virun zwielef Méint ofginn hunn, ass d‘Recht vu Fraen a Meedercher ze respektéieren. Huet ee sech dru gehalen? Beim Thema Educatioun wierkt et den Ament net esou.

RS: Den Alldag fir d’Fraen am Afghanistan huet sech komplett verännert. Soubal d‘Taliban un d‘Muecht komm sinn, gouf de weibleche Fonctionnaire gesot, datt se den Dag guer net méi sollen op d‘Aarbecht kommen. Déi nächst Etapp war d‘Obligatioun vum Droe vun enger ganz konservativer Form vum Hidschāb, deen d‘Gesicht vun der Fra verstoppt, wa se dobaussen ass. A souguer da sollt d‘Haus just verlooss ginn, wann et absolut necessaire ass. Duerno huet d‘Fra just nach dierfe begleet vun engem Mann eraus, mee do ginn et nach Ënnerscheeder, ofhängeg dovunner wéi wäit ee sech vu sengem Doheem ewechbeweegt.

Et gouf souguer een Taliban-Leader, deen de Frae sot, se sollen hir männlech Familljemembere fir si schaffe schécken. Si sollen doheem bleiwen. D‘Frae verschwanne lues a lues vun de Stroossen. Et kéint ee bal soen, datt et politesch gewollt ass, d‘Fraen aus dem Espace Public ze verbannen.

Eng Rei Fraen huelen dat awer net un. Si protestéieren zu Kabul nach ëmmer fir hir Rechter. Hir Educatioun, hir Fräiheeten. Déi afghanesch Frae sinn an dësem Zenario iwwert déi lëscht 12 Méint déi grouss Helden. Si sinn déi, déi sech trauen, sech fir d‘Mënscherechter am eegene Land anzesetzen.

TM: Den Afghanistan war virum Muechtwiessel vu Finanzementer vun internationale Communautéiten ofhängeg. Bis zur Victoire vun den Taliban hunn extern Hëllefs-Gelder 75% vum Staatsbudget ausgemaach. Ma déi fléissen elo net méi ewéi fréier – wat bedeit dat fir d‘Land?

RS:Hei spille puer Facteuren zum ekonomesche Kollaps vum Afghanistan mat. Dee gréisste Facteur war, datt d‘Entwécklungshëllef bemol net méi koum. Den Afghanistan war ofhängeg vun der Entwécklungshëllef.

Den Ament, wou d‘Taliban iwwerholl hunn, ass dat ewechgefall. Do dobäi si ganz schwéier Sanktioune géint verschidden Taliban-Memberen entstanen. Mee déi ware bemol géint d‘Land geriicht. D‘Konsequenz: Den Afghanistan war bemol vum internationale Bankesystem ofgeschnidden. Dunn ass de Bankesystem hei kollabéiert. Zanter dem Wanter ass d‘Land an enger humanitärer Kris, déi sech just weider verschlëmmert. Iwwert déi lescht Méint sinn 2 Milliounen Dollar un Donen an d‘Land erakomm – mat engem Groussdeel dovu gouf d‘Populatioun ernäert. Soss géifen hei Leit erhéngeren. Mee déi Hëllef ass just eng Plooschter. Se ass net permanent.

TM: Wat si permanent Solutiounen?

RS:Permanent si Solutiounen, déi d‘Ekonomie nees zeréck op d‘Bee bréngt, fir datt d‘Banken nees kënnen normal schaffen. Just fir e Beispill ze ginn: Leit am Afghanistan, déi Suen op engem Compte op enger Bank hunn, kënne just e limitéierte Montant vun deem Compte ophiewen. Et gi Limitatiounen, wéi vill Cash s du däerfs hunn.

De Problem läit och dorunner, datt Donateuren déi lescht Méint net konnten an d‘Land areesen, fir aner Méiglechkeeten ewéi déi traditionell Plooschter-Solutiounen ze fannen. Et gi kleng Initiativen ewéi déi vun der Weltbank, déi d‘Paie vum Léierpersonal am Afghanistan iwwerholl huet. Mee dës ginn net duer. Donateuren hunn eegen Demanden un d‘Taliban, déi ginn awer net agehalen, et ass en Däiwelskrees. Et wëll een hëllefen, mee et gesäit een, datt d‘Volontéit dacks net grouss genuch ass.

TM: Läit de Problem um Regéiere vum Land och dorun, datt duerch de Muechtwiessel vill Leit d‘Land verlooss hunn?

RS:Nom Putsch, nodeems Kabul iwwerholl ginn ass, hu vill Mënschen den Afghanistan verlooss. Do dobäi waren déi héchst geschoulte Leit aus dem Land. Net jiddereen, mee déi grouss Majoritéit. Eng Rei Technokrate konnten net fréi genuch evakuéiert ginn a sichen nach ëmmer no Aarbecht. Mee déi, mat deenen ech geschwat hunn, sinn der Meenung, datt et nach ganz laang dauert, bis datt se ënnert den Taliban eng Aarbecht fannen. Mee ouni genau déi Leit, ouni déi Erfarungswäerter, ass et ganz schwiereg, d‘Institutioune vun engem Land ze regéieren.

TM: Wéi gesäit den Alldag vun engem Afghan haut an enger Stad ewéi Kabul aus? Besonnesch déi Jonk hunn ni ënner esou Taliban-Gesetzer misse liewen.

RS: Et ass ganz wichteg och kloer ze maachen: D‘Leit am Afghanistan sinn net déi nämmlecht ewéi virun 20 Joer, ewéi d‘Taliban deemools un der Muecht waren. Den Afghanistan vun haut ass eng aner Populatioun. D‘Welt huet sech verännert. D‘Populatioun huet sech verännert. Se hu Smartphonen. Se si mam Ausland connectéiert. D‘Jongen an d‘Meedercher sinn iwwert déi lescht 20 Joer an d‘Schoul gaangen. Se hunn aner Aspiratiounen an aner Pläng am Liewen ewéi virun 22 Joer. Vill Leit schwätzen iwwert d‘Fuerderunge vun der internationaler Communautéit: Educatioun, Fraerechter, Mënscherechter, fräi Medien, etc. – mee wat dacks awer verpasst gëtt, ass  datt och déi Lokal, d‘Afghanen, no engem Joer Taliban hir Fräiheeten zeréck wëllen.