Fir eng manner stigmatiséierend Bezeechnung fir de Virus ze fannen, dee sech am Moment staark ausbreet, huet d'Organisatioun lo online eng Aktioun gestart.

Um Site vun der Weltgesondheetsorganisatioun kënnen elo Propose fir en neien Numm fir den Afepouke-Virus eragereecht ginn, wéi um Dënschdeg matgedeelt gouf.

Experten hu kritiséiert, datt den aktuellen Numm vun der Krankheet fir Afen an de Kontinent Afrika, mat deem d'Déieren dacks associéiert ginn, diskriminéierend kéint sinn. Esou goufen eréischt viru Kuerzem Fäll a Brasilien gemellt, bei deene Mënschen aus Angscht virum Virus Afen attackéiert hunn. An deem Kontext betount d'WHO, datt d'Krankheet zwar vun Déieren op Mënschen iwwerdroe ka ginn, ma déi rezent weltwäit Ausbreedung éischter op den enke Kontakt tëscht Mënschen zréckzeféieren ass.

Den Afepouke-Virus ass eng manner geféierlech Variant vun de Pouken, déi zanter ronn 40 Joer ausgerott ass. Den Numm Afepouke kënnt dohier, datt de Virus ursprénglech am Joer 1958 bei Afen entdeckt gouf. Trotzdeem kënnt d'Krankheet och bei aneren Déiere vir.