D'Trump-Kritikerin wäert der 2. Kongress-Chamber deemno vu Januar un net méi ugehéieren.

Bei interne Virwale fir d'Kongress-Elektioun am US-Bundesstaat Wyoming ass d'Liz Cheney, déi bis ewell fir d'Republikaner am Representantenhaus souz, net erëmgewielt ginn.
D'Duechter vum fréiere Vizepresident Dick Cheney gëllt als eng vun de schäerfste Kritikerinne vum Trump a si huet schonn e puer Mol widderholl, dass si alles wäert maachen, fir dass den Trump 2024 net nach emol géif President ginn.

Si war och eng vu just 10 republikaneschen Deputéierten, déi nom Stuerm op d'Kapitol derfir gestëmmt haten, fir de Prozess an d'Weeër ze leeden, fir den Trump vu sengem presidiale Posten ze enthiewen.