E Journalist, deen zanter e puer Deeg a Mexiko als vermësst gëllt, ass dout.

De Juan Arjón López war Fräiberuffler an huet zanter 2020 eng Facebook-Säit bedriwwen, wou hie Fait-diversen aus senger Regioun am Norde vum Land dokumentéiert huet. Rezent och iwwert Droge-Saisien.

Et ass schonn den 13. Journaliste-Mord a Mexiko zanter dem Ufank vum Joer.