Bannent de leschte 4 Woche si 26 Persoune festgeholl a befrot ginn, well si am Verdacht stoungen respektiv stinn, Bëschfeier ausgeléist ze hunn.

Dat huet de franséischen Inneminister Gérald Darmanin e Mëttwoch bei enger Visitt am Jura, wou bannent nëmmen enger Woch 1.000 Hektar Bësch verbrannt sinn, wësse gedoen. Méi wéi 500 Polizisten a Gendaarme wieren elo mobiliséiert fir d'Enquête géint Brandstëfter.

An 9 vun 10 Fäll léich d'Ursaach vun engem Feier beim Mënsch, ob gewollt oder net, huet de Minister nach betount, dee mat senger Visitt fir dëse Sujet sensibiliséiere wëll.

Brandstëftung kéint mat bis zu 10 Joer Prisong bestrooft ginn. Am Fall vun Doudege kann d'Strof esouguer bei bis zu 30 Joer leien. Eleng am Gironde géifen aktuell méi wéi 30 Enquêtë lafen, esou de Minister.