Michail Gorbatschow ass dout

© DPA/AFP/Henning Kaiser
De fréiere President vun der Sowjetunioun ass am Alter vun 91 Joer gestuerwen, wéi d'russesch Agencen Tass an Interfax matdeelen.
De Michail Gorbatschow soll "no schwéierer a laanger Krankheet gestuerwen" sinn, soll d'déi Zentral Medezinesch Klinik (TSKB) matgedeelt hunn.
De russesche Friddensnobelpräis-Gewënner gëllt als Schlësselfigur fir d'Enn vum Kale Krich. Ënnert anerem huet d'Sowjetunioun ënnert dem fréiere Staatschef Kontrakter mat den USA fir d'nukleaart Ofrëschten an d'Rüstungskontroll ofgeschloss.
Wéi de Michail Gorbatschow 1985 un d'Muecht koum, huet hien eng Well u politeschen an ekonomesche Reformen agefouert, fir d'Sowjetunioun ze moderniséieren an ze demokratiséieren. Fir säi Mutt d'Sowjetunioun ze reforméieren, gouf hien 1990 mam Friddensnobelpräis geéiert.
Duerch d'Reforme vum Gorbgatschow sinn allerdéngs politesch Onrouen an der Sowjetunioun opkomm, déi schlussendlech zum Zesummebroch vum kommunisteschen Imperium gefouert huet. 1991 ass de Politiker als Staatschef zréckgetrueden, éiert sech d'UdSSR méi spéit selwer opgeléist huet.
Bis zu sengem Doud huet de Michail Gorbatschow sech mat senger politescher Stëftung fir demokratesch Wäerter an e Rapprochement vu Russland un de Westen agesat. Iwwerdeem war hie Co-Proprietär vun der kremlkritescher Zeitung "Nowaja Gaseta", déi Mëssstänn a Russland opkläert. Och fir d'Fräiheet vun de Medien an de Walen huet de Gorbatschow sech agesat an de Putin ëmmer rëm opgefuerdert, dës net weider ze limitéieren.
De fréiere Staatschef gëtt zu Moskau nieft senger Fra um Neijongfrae-Kierfecht begruewen.
Tweet Tass
Reaktiounen nom Doud vum fréieren UdSSR-President
De fréiere Lëtzebuerger Staatsminister a Premier Jacques Santer hat de Michail Gorbatschow jo souzesoen Enn den 80er Jore parallel als russesche Staatschef materlieft. Et wier e grousse Staatsmann gewiescht, där et nëmme ganz wéineg gouf. Kaum een hätt de Friddensnobelpräis esou verdéngt gehat wéi hien, sou de Jacques Santer am RTL-Interview.
De Premier Xavier Bettel huet e Mëttwoch de Moien op Twitter geschriwwenen, hie wier traureg gewiescht, vum Doud vum Michail Gorbatschow ze héieren. Hien hätt dozou bäigedroen, datt d'Berliner Mauer gefall ass an de Schluss vum Kale Krich ageleet. Iwwerdeems hätt de fréiere Staatschef enger ganzer Generatioun Hoffnung ginn.
Och d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet dem fréiere Sowjet-President op Twitter als een "vertrauenswierdegen a respektéierte Leader" bezeechent. "Hien huet e wichtegen Deel zum Enn vum Kale Krich bäigedroen an huet den Eiserne Rideau mat zesummefale gelooss." Dat hätt de Wee fir ee fräit Europa opgemaach.
Déi däitsch Ausseministesch Annalena Baerbock huet nach eng Kéier d'Verdéngschter vum fréieren UdSSR-President ënnerstrach. Et wier een him op éiweg dankbar, well duerch hien de Kale Krich säin Enn fonnt huet an Däitschland zu engem vereenegten Däitschland konnt ginn, deelt si op Twitter mat. Och den däitsche Finanzminister, de Christian Lindner, fënnt op Twitter änlech Wierder fir de Michail Gorbatschow.
De Bundespresident Frank-Walter Steinmeier deelt an engem Schreiwes mat, datt een de Michail Gorbatschow ëmmer als grousse politesche Staatsmann an Éieren hale wäert. Däitschland géif fir ëmmer mat him verbonne sinn a sech fir seng Visioun vun engem friddlechen Europa asetzen, heescht et weider.