Op d'mannst 11 Kanner si bei enger Loftattack vun der Militärjunta op eng Schoul am Myanmar gestuerwen, eng 20 Schüler goufen deels uerg blesséiert.

Zwee Kampfhelikopteren hätten d'Schoul zu Tabayin an der Regioun Sagaing am Nordoste vu Myanmar schonn e Freideg d'lescht Woch beschoss, wéi lokal Medie mellen.

Der Organisatioun Unicef no ginn nach 15 Kanner vermësst. Wat mat de Kanner geschitt ass, ass net bekannt. "D'Unicef fuerdert direkt hir sécher Fräiloossung", wéi et an engem Message vum UN-Kannerhëllefswierk heescht.

Am Februar 2021 war déi demokratesch gewielte Regierung vun der Friddensnobelpräisdréierin Aung San Suu Kyi vun der Junta ofgesat ginn. Zanter dem Militärputsch zejoert gëtt et Chaos a Gewalt am Myanmar. Op ville Plaze kämpfe Resistenzler géint d'Arméi.