D'Beamten am Asaz konnten déi 11 Awunner aus dem brennende Gebai retten. Bei der Rettungsaktioun gouf iwwerdeems kee blesséiert, esou d'Wismarer Police.

Firwat d'Appartementshaus en Dënschdeg Feier gefaangen huet, wier den Ament nach net gewosst. D'Pompjeeë ginn allerdéngs dovunner aus, datt eng Explosioun vun enger Heizung, déi mat Gas bedriwwe gëtt an déi baussen um Balcon stoung, déi méiglech Ursaach fir de Brand kéint sinn. Dowéinst hunn d'Beamten eng Enquête wéinst Brandstëftung lancéiert.

D'Haus ass net méi bewunnbar. Dofir hunn aacht Mënschen an engem Ënnerdaach missen ënnerbruecht ginn. Dräi weider Bewunner si bei Frënn a Famill ënnerkomm.