Aacht Mënsche solle bei de Protester bis ewell gestuerwe sinn.

Den Ausléiser fir d’Onroue war jo den Doud vun enger jonker Fra. Si war viru gutt enger Woch wéinst "net-islamescher" Kleedung festgeholl ginn. Wat genee mat hir geschitt ass, ass onkloer. Jiddefalls war se am Koma an ass leschte Freideg gestuerwen.

Am Iran ass den Internet massiv ageschränkt ginn a geet kaum nach. Mobil Netzwierker wéi Instagram oder WhatsApp funktionéiere quasi guer net méi.