D'USA hunn déi islamesch Reliounspolice am Iran op d'Sanktiounslëscht gesat, nodeems eng jonk Fra a Policegewalt ëm d'Liewe komm ass.

Déi jonk Kurdin Mahsa Amini gouf d'lescht Woch festgeholl, hir gouf virgeworf hir Hijab, also hiert Kappduch, net richteg gedroe gehat hätt.

De Fall huet Protester ausgeléist, déi elo schonn zanter 6 Deeg daueren. Der Staatstele no sinn op d'mannst 17 Mënschen ëm d'Liewe komm, Mënscherechtsorganisatioune ginn awer dovunner aus, datt déi Zuel nach vill méi héich ass.