An op d'mannst 15 Stied sinn an de leschten Deeg Dausende Leit op d'Strooss gaangen, fir géint de Regime ze protestéieren.

Protester am Iran / Reportage Diana Hoffmann

Eng Woch schonn halen d'Protester am Iran un. 17 Leit, dorënner 4 Polizisten, sinn offiziellen Informatiounen no bis en Donneschdeg den Owend ëm d'Liewe komm. Mënscherechtsorganisatioune ginn awer dovunner aus, datt d'Donkelziffer méi héich ass. D'Organisatioun "Iran Human Rights" mat Sëtz zu Oslo huet en Donneschdeg souguer vun 31 Doudegen Ziviliste geschwat.

An op d'mannst 15 Stied sinn an de leschten Deeg dausende Leit op d'Strooss gaangen, fir géint de Regime ze protestéieren, nodeems eng jonk Fra verhaft gi war, well si hiert Kappduch net richteg ugehat hätt. Deeg no hirer Verhaftung war si aus ongekläerte Grënn ëm d'Liewe komm. Et sinn déi gréisste Protester am Iran zanter knapps 3 Joer.

D'Informatiounen aus dem Iran sinn dem Ament limitéiert. D'Internetconnectioun ass mam Ufank vun de Manifestatioune limitéiert ginn, Apps wéi Instagram a WhatsApp goufe gespaart. Deels gouf den Internet awer och komplett ofgeschalt.

"Zanter gëschter [Donneschdeg] hunn ech kee Kontakt méi mat de Frënn am Iran, well se keen Internet méi hunn", seet d’Sara*. D'Fra lieft zu Lëtzebuerg, ass awer am Iran gebuer an huet tëscht 2014 an 2018 do gelieft. Et géing wéidoen, d'Biller aus dem Iran ze gesinn. Biller vu Fraen, déi hiert Kappduch verbrennen, Autoen, déi brennen, Leit op déi geschoss gëtt. Am Land kënnt et dacks zu Protester. Et gesäit awer esou aus, wéi wann dëse Protest méi grouss wier. "Ech hunn ëmmer d'Gefill, datt et dës Kéier anescht ass", betount d'Sara. "Ech hoffen, datt d'Leit dës Kéier duerchhalen. Fir all déi, déi scho gestuerwe sinn, datt se net ëmsoss gestuerwe sinn."

Den Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg Olivier Pirot weess ëm d'Situatioun am Iran an déi reegelméisseg Protester, déi vun der Police ënnerdréckt ginn. Zu Mënscherechtsverletzunge kéim et permanent. Och hien ass net zouversiichtlech, datt et dës Kéier anescht ass. "Et gëtt keen Hiweis, datt d'Police an d'Autoritéiten d'Manifestanten anescht behandele wäerten", seet den Olivier Pirot. Et misst weiderhin Drock gemaach ginn. Amnesty freet en onofhängege Mechanismus, fir Beweiser vun de Verbriechen ze sammelen, déi begaange ginn. Et kéint ee jo elo d'UN-Vollversammlung zu New York notzen, wou den iranesche President eng Plattform kritt hätt, fir deene Fuerderungen Nodrock ze ginn. Och d'Sara wënscht sech, datt d'Vollek am Iran méi Ënnerstëtzung kritt. Et kéint net sinn, datt dat aus politeschem Calcul net passéiert.

D'Protester sinn am Iran virun enger Woch nom Doud vum Mahsa Amini ugaangen. Déi 22 Joer al Fra war vun der Reliounspolice zu Teheran verhaft ginn, well si hiert Kappduch net richteg ugehat soll hunn. Um Kommissariat ass si zesummegebrach an dräi Deeg méi spéit an der Klinik gestuerwen. D'Police seet, déi jonk Fra hätt en Häerzinfarkt gehat. Mënscherechtsaktiviste soen, et hätt een hir op de Kapp geschloen.

Den iranesche President Raisi huet en Donneschdeg virun der UNO-Vollversammlung zu New York betount, et géingen Enquêten gemaach ginn. Déi bekannte CNN-Journalistin Christiane Amanpour huet iwwerdeems op Twitter geschriwwen, dass den iranesche President een Interview – dee laang am Virfeld geplangt a virbereet war – ofgesot huet. Dat well si refuséiert huet, fir wärend dem Interview mam President ee Kappduch unzedoen. Si huet drop verwisen, dass bis ewell nach ni een iranesche President ausserhalb vum Iran insistéiert hätt, dass si misst e Kappduch undoen.

Protester am Iran / Reportage Diana Hoffmann

*Numm vun der Redaktioun geännert