Nodeems en Donneschdeg e Boot mat Flüchtlinge kuerz virun der Syrescher Küst bei Tartus ënnergaangen ass, ass d'Zuel vun den Doudesaffer op 73 geklommen.

Iwwerdeems konnten 20 Mënschen aus dem Mëttelmier gerett ginn. De lokalen Autoritéiten no wiere méi wéi 100 Mënschen u Bord gewiescht, soudatt een no weideren Iwwerliewende siche géif. Allerdéngs wier d'Warscheinlechkeet, fir Iwwerliewender ze fannen, relativ geréng, soudatt ee mat nach méi Doudesaffer rechne géif.

Ënnert de Flüchtlinge ware virun allem jonk Männer, déi aus Syrien an aus dem Libanon komm sinn. D'Boot, wat verongléckt ass, ass an engem libaneseschen Hafe gestart a sollt an engem zyprioteschen Hafen uleeën.