Nieft den Doudesaffer goufen op d'mannst 41 Leit verwonnt, dorënner och Kanner, sot e Spriecher vum afghaneschen Inneministère.

D'Autosbomm war an der Géigend vun enger Moschee zu Kabul explodéiert, an déi fir gewéinlech Taliban-Membere ginn.

Bis elo huet kee sech zum Uschlag bekannt. D'Explosioun war nëmmen e puer Minutten nom Enn vum Freidesgebiet. Op d'Wasir-Akbar-Chan-Moschee gouf et schonn am Joer 2020 e Bommenattentat, bei deem hiren Imam gestuerwe war.