Déi 45 Joer al Giorgia Meloni, där hir Partei déi meeschte Stëmme krut, wäert zukünfteg Regierungscheffin ginn.

D’Giorgia Meloni hat an der Walcampagne de Wollefspelz eng Grimmel ofgeluecht an op Scheefche gemaach. Elo steet si kuerz virdrun dem Land hir éischt Premierministesch ze ginn – am historesch-onstabillen Italien géif si déi 68. Regierung leeden zanter 1946. Fir déi Zäit virdrun awer deelt se bis haut déi gréisste Bewonnerung. Si versprécht Italien erëm op d’Been ze bréngen am Numm vun allen Italiener – an Zäite vun héijen Energiekäschten, eidele Staatskeesen an dem Verfall vu Liewensqualitéit. Si krut 26% vun de Stëmme, mee och fir italienesch Verhältnisser sinn der wéineg wiele gaang.

Wat d’Meloni-Victoire verstoppt ass dass d’Lega, a virun allem hire Posterboy Salvini, bei de Sympathisante vum Rietspopulismus extrem u Popularitéit agebéisst huet. E Resultat vu 9%, erof vu 34 – e psychologesche Knacks kann och eng onstabil Koalitioun als Konsequenz hunn – zumols well seng Partei sech dierft froen, ob de Salvini nach dee richtegen ass fir hir virzestoen.

Jean Asselborn am Interview

Et waren demokratesch Walen an dee Wielerwëlle wier natierlech ze respektéieren. Dat sot de Lëtzebuerger Ausseminister am RTL-Interview um Méindeg de Mueren. De Jean Asselborn hofft, datt d'Giorgia Meloni elo zu hire Wierder steet. Si hätt jo gesot, datt hir Partei näischt mam Faschismus vum Mussolini ze dinn hätt. Italien wéilt an der EU bleiwen an d'europäesch Reegele géifen acceptéiert ginn.

Den Ausseminister Asselborn huet awer och ënnerstrach, wéi wichteg et grad elo wier, datt et EU-Verträg ginn, déi Italien misst respektéieren.

Dernieft wier Italien och als drëttstäerksten Ekonomie am Eurogrupp staark ugewisen op EU-Hëllef an och déi italienesch Oppositioun hätt elo eng wichteg Roll ze spillen.

De kompletten Interview mam Jean Asselborn