E Mann huet an enger Schoul am Weste vu Russland op d'mannst 15 Mënschen erschoss, e sëllegen anerer goufe blesséiert.

Bei enger Schéisserei an enger russescher Schoul an der Stad Ischewsk am Weste vum Land sinn e Méindeg de Moien e puer Mënschen ëm d'Liewe komm, respektiv blesséiert ginn. Den nationalen Ermëttlungskommitee schwätzt vun 15 Doudegen, dorënner 11 Kanner, 2 Schoulmeeschteren an 2 Gardienen.

Den Inneministère vun der Republik schwätzt iwwerdeems vu 6 Doudegen an 20 Blesséierten.

Ënnert den Affer soll och de presuméierten Täter sinn. Wéi lokal Medie mellen, soll et sech ëm e Reservist handelen, dee sollt an d'Ukrain an de Krich geschéckt ginn. Dëst gouf awer nach net confirméiert.

Den Inneministère vun der Regioun huet awer bestätegt, dass de presuméierten Amokleefer sech no der Dot selwer erschoss huet. Zu den Hannergrënn hunn och si bis ewell nach keng Aussoe gemaach.