Dausenden Trauergäscht hunn en Dënschdeg dem fréiere Regierungschef Shinzō Abe geduecht. Hie gouf den 8. Juli ëmbruecht.

Dësen aussergewéinleche Staatsakt ass wéinst den héije Käschten immens ëmstridden. Am Virfeld vum Staatsbegriefnes koum et deemno och zu Protester. Esou Trauerakte fir Ex-Premiere sinn a Japan u sech zanter laangem net méi üblech an awer gëtt de Shinzō Abe mat esou engem gewierdegt.

D'Bäisetzung war an der Hal Nippon Budōkan zu Tokio. D'Sécherheetsmesurë goufe massiv eropgesat, en Dënschdeg goufen ëmmerhi ronn 4.300 Trauergäscht aus dem In- an Ausland erwaart. Eleng 48 amtéierend a fréier Staats- a Regierungscheffe ware present. Och de Premier Xavier Bettel huet dem Politiker déi lescht Éier erwisen.

A Japan war de 67 Joer alen Abe ëmstridden, wéinst Korruptiounsaffären a Relatiounen zur Mun-Sekt. De fréiere Regierungschef gouf den 8. Juli wärend engem Wal-Evenement an der Stad Nara néiergeschoss. Hien ass spéider u senge Blessure verscheet. Den Attentäter hat den Abe responsabel gemaach fir seng finanziell Schwieregkeeten.

No sengem Doud koum wéi gesot eraus, dass hien a Verbindung mat der liberaldemokratescher Partei LDP, wéi och der Vereenegungskierch stoung, déi vu ville Kritiker als Sekt bezeechent gëtt.

RTL

No der massiver Kritik um Staatsbegriefnes huet den amtéierende Ministerpresident Fumio Kishida sech entschëllegt an annoncéiert, d'Verbindung tëscht senger Partei an der Kierch wëllen ze trennen. Als Haaptgrond fir de Widderstand géint d'Staatsbegriefnes vum Abe gëllen awer déi héich Staatskäschte vun 11,5 Milliounen Dollar.

Dat lescht Staatsbegriefnes war 1967 fir de fréiere Ministerpresident Yoshida Shigeru.