Zu Paräis sinn e Méindeg géint 21 Auer 2 Schëss gefall. D'Police geet dovunner aus, datt den Täter e Medievertrieder vu France Télévisions ëmbrénge wollt.

Dowéinst hunn d'Beamten elo och eng Enquête wéinst Doudschlag lancéiert. D'Police geet dovunner aus, datt den Täter vu bausse probéiert huet, duerch d'Fënster op d'Medievertrieder ze schéissen. Allerdéngs sinn d'Kugelen net duerch d'Fënsterscheif duerchgaangen, soudatt am Gebai kengem eppes geschitt ass.

De Büro, deen d'Zil vum Täter war, gehéiert zum Kultur-Service vu France Télévisions, deen deen Ament, wou geschoss gouf, nach voll-besat war. D'Beamte ginn allerdéngs dovunner aus, datt dëse Büro net geziilt ugeschoss gouf, mä datt den Täter einfach iergendee Medievertrieder treffe wollt.